Meng Droberodung fier Ierch

Am Idealsten komme ech bei Ierch heem,well dann Dier an äre Puppelchen mei entspannt sidd.
Mee och eng Berodung bei mier ass meiglech.
Et ass mier immens wichteg,dass dier an äre Puppelchen Iech wuel fillt.
Jaitzt äre Bebe oder well stëllen,dann geet daat vier.
Am beschten mache mier och een Zaitpunkt aus,wou äre Bebe ausgerout ass.
Eng Berodung dauert normalerweis bis 2 Stonnen an kascht 30 Euro.
Ech erklären Ierch e bessen medizinsch Hannergrondinformatiounen,Entwecklung vun der Wirbelsail an der Heft vun ärem Kand.
Dann fannen ech mat Ierch zesummen eraus,wei eng Droweis fier Ierch am geegensten ass.
Dei Droweis üben mier dann zesummen bis der se perfekt kennt.Mindestens 3x.
Sidd Dier am Ufank onsecher oder schleift äre Bebee grad,dann hudd Dier Meiglechkeet mat menger Dropopp ze üben.Mee bis ech gin,musst der op manst emol mat ärem Bebe geübt hun.

Ech maachen och Berodungen mat Frühchen, Zwillingen oder besonneschen Kanner.
Daat wichtegst ass awer,dass Dier 1 Kand kennt gut droen. 2 Kanner glaichzaiteg ze droen,ass ,,Kinnegsdiziplin''
Komm dier awer mam Droduch guer net zu Wee,dann hutt dier och Meiglechkeet bei mier geegent Drohellefen(Sling,Bondolino,Manduca,MeiTai) auszeprobeiren,wann se fier ärt Kand geegent ass.
Drodicher an Drohellefen kennt der bei mier ausleinen.(Kaution 50 Euro an 5 Euro Leihgebühr pro Woch)
INFO-VERSAMMLUNGEN
Informatiounsversammlungen kaschten 5 Euro pro Persoun.
Op enger Versammlung gin ech Informatiounen iwer Anatomie, Heft- und Wirbelseilenentwecklung vom Puppelchen an Konsequenzen fier Droen.
Ech stellen Ierch verschidden Drodicher vier.Ob waat et ukennt bei den Dicher an waat wichteg ze wessen ass.
Ech erklären allgemeng Reglen fier ze bannen an demonstreiren Ierch e puer Droweisen.
Fier selwer ze üben ass op enger Infoversammlung net meiglech.
Dofier bidden ech Ierch eng Berodung un
