Daat sin ech ;O)

Ech sin d'Isabelle,Joergang 79,sin bestued an hun 2 Kanner.
Ech schaffen hallef Deeg als Aide-Soignante.
Mein grousst Hobby ass Bitzen.
Gebuert vun mengem 1.Kand Januar 2004 war een Kaiserschnitt no langer Dauer vun Weien.
Well ech main Kand net direkt bei mech krut,hun ech immens gelidden an och stellen huet leider net geklappt.
Fier mengem Kand rem mei no ze kommen,hun ech mer en Droduch kaaft.Demols haat ech nach keng Ahnung,wei daat richteg geet an op waat ech muss oppassen.
Droen huet mier an mengem Kand gehollef,dei traumatesch Gebuert an messglecken vum stellen,gehollef ze verschaffen.
An der 2.Schwangerschaft hun ech mech dank Internet dunn besser informeiert iwert Droen an Drodicher.
Dobai hun ech rausfond,dass et zwar wichteg an schein ass,wann een sain Kand dreit,mee et ass genausou wichteg,dass een richteg dreit.
Main 2.Kand ,waat no enger scheiner Gebuert März 2008 op Welt koum,hun ech vun Ufank un gedroen am Droduch
Eng Droberodung war leider hei net ze fannen an sou hun ech mech dozou entschloss,selwer Ausbildung zur Droberoderin ze machen an hoffentlech villen Mammen hei am Land an Emgeigend ze hellefen fier hier Kanner mei ze droen.
- Am November 2008 hun ech un enger eischter Fortbildung iwert ,,Droen vun besonneschen an behennerten Kanner,, zu Frankfurt deelgeholl.
- Am Abrell 2009 hun ech dunn den Grundkurs fier Droberoderin vun der ClauWi-Trageschule aus Dresden gemeet.
- Am September 2009 hun ech den Aufbaukurs gemeet.
- Am Februar 2010 hun ech meng Prüfungsfroen erangescheckt
- Am Abrëll 2010 hun ech un der Fortbildung Grundkurs ,,Kinaesthetics Infant Handling,, zu Kreml an Deitschland deelgeholl.
- Den 9. Oktober 2010 sin ech zu Limburg als Vizepräsidentin vum Verein ,,Tragenetzwerk e.V. '' gewielt gin.
- Am Oktober 2010 hun ech main Zertifikat als zertifizeiert ClauWi®- Droberoderin kritt
